Moj dida je pao s Marsa
Moj dida je pao s Marsa ass en europäesche Kannerfilm aus dem Joer 2019. De lëtzebuergeschen Titel ass Mäi Bopa vum Mars an deen englesche My Grandpa Is an Alien.
Film | |
---|---|
Produktiounsland |
Kroatien Lëtzebuerg Norwegen Tschechesch Republik Slowenien Slowakei Bosnien an Herzegowina |
Première |
21. Mäerz 2019 (HR) 17. Juni 2020 (LU) |
Dauer | 79 min. |
Faarf | Faarweg |
Originalsprooch | Kroatesch |
Ekipp | |
Regie |
Marina Andree Skop Drazen Zarkovic |
Dréibuch |
Pavlica Bajsic Irena Krcelic Branko Ruzic |
Fotografie | Sven Pepeonik |
Musek | Stein Berge Svendsen |
Schnëtt | Marina Andree Skop |
Produzent |
Darija Kulenovic Gudan, Marina Andree Skop Ko-Produzenten: Adolf El Assal an anerer |
Produktiouns- gesellschaft | Studio dim (HR), Wady Films (LU), Filmbin (NO), Masterfilm (CZ), Artileria (SK), Senca Studio (SL), Fabrika (BI) |
Schauspiller | |
Lana Hranjec: Una Nils Ole Oftebro: Bopa Petra Polnisová : Mamm Ozren Grabarić: Dodo | |
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre |
Ëm wat geet et am Film?
ännerenA kuerzer Zäit gëtt dem Una (an anere Sproochen: Lena) säi Liewen op d'Kopp gedréint: säi Grousspapp gëtt vun Ausserierdeschen entfouert a seng Mamm brécht zesummen a muss an d'Spidol. D'Una entdeckt, datt säi Bop selwer och en Alien ass, an datt am Keller vu sengem Haus nach d'Raumschëff läit, mat deem hien op d'Äerd koum. An deem Raumschëff ass nach ëmmer de Pilot, e klenge, granzege Robotter. D'Una an de Robotter hu manner wéi 24 Stonnen Zäit fir de Bop ze fannen an ze retten.
Filmproduktioun
ännerenVun der Iddi bis zum fäerdege Film huet et am Ganze siwer Joer gedauert.[1]
De Film ass eng europäesch Koproduktioun tëscht dem kroatesche Studio dim, der lëtzebuergescher Gesellschaft Wady Films, der norwegescher Filmbin, der tschescher Masterfilm, der slowakescher Artileria, dem slowenesche Senca Studio an der bosnesch-herzegowenescher Fabrika. Wady Film war de gréisste Koproduzent.[1]
De Lëtzebuerger Filmfong huet Wady Film 2017 en Zouschoss an Héicht vun 192.500 Euro fir d'Produktioun vum Film accordéiert, am Kader vum Programm "AFS CineWorld" fir Projeten aus Länner mat wéineg Ressource fir audiovisuell Produktiounen.[2] Dovu goufen 2021 bal 75.000 Euro zeréckbezuelt.[3]
D'Originalsprooch vum Film ass Kroatesch. Et gëtt eng lëtzebuergesch Synchronfassung mat de Stëmme vum Katharina Bintz, Raoul Albonetti, Marie Jung, Claude Fritz, Nilton Martins, Ayleen Thein, Nico Thielen, Sam Thoss, Michel Tereba, Philippe Meyrer, Ben Reichling, Elsa Rauchs, Magaly Texeira an Anna Schwartz Kachmar.[4]
Filmpromotioun
ännerenAm Mäerz 2019 koum de Film a Kroatien an de Kino. Wéinst der Coronaviruspandemie koum en zu Lëtzebuerg ënnert dem Titel Mäi Bopa vum Mars eréischt am Juni 2020 eraus.[1][5][6]
De Film gouf op alle grousse Kannerfilmfestivalen op der Welt gewise, an och an der Kannersektioun vun e puer etabléierte "Standard"-Filmfestivallen, dorënner zu Warschau an zu Kalkutta. Am Ganzen huet de Film dräizéng Präisser gewonnen.[1]
Wat sot d'Press?
ännerenValentin Maniglia, Le Quotidien:[7]
Une jolie perle pleine d'émotion, aux effets spéciaux élégants, à découvrir dans l'obscurité d'une salle.
Pablo Chimenti, d'Lëtzebuerger Land:[5]
Linéaire, un brin naïf, sans grands rebondissements, ce Mäi Bopa vum Mars reste malgré tout un divertissement agréable. Un film plein de petites erreurs – au niveau du jeu d'acteurs, de quelques scènes superflues, de quelques effets sonores excessifs… ; au niveau de la synchronisation du doublage luxembourgeois aussi –, mais les jeunes spectateurs, à qui le film est prioritairement destiné, s’en ficheront probablement.
Quellen
änneren- De Film op der Websäit vum Lëtzebuerger Filmfong
- De lëtzebuergeschen Trailer op YouTube
- De Film op der Websäit vun der Produktiounsgesellschaft Wady Films
Kuckt och
ännerenReferenzen
änneren- ↑ 1,0 1,1 1,2 1,3 cineurop.org: Marina Andree Škop and Dražen Žarković • Directors of My Grandpa Is an Alien vum Guilhem Caillard (22. Juni 2020)
- ↑ Rapport Annuel 2017 vum Lëtzebuerger Filmfong, Säit 9
- ↑ Rapport Annuel 2021 vum Lëtzebuerger Filmfong, Säit 18-19
- ↑ YouTube Trailer (ënner "Quellen")
- ↑ 5,0 5,1 land.lu: Mon grand-père, ce héros vum Pablo Chimienti (19. Juni 2020)
- ↑ chronicle.lu: My Grandpa is an Alien Film Set for Luxembourg Cinema Release Tomorrow vum JCA (16. Juni 2000)
- ↑ lequotidien.lu: «Mäi Bopa vum Mars» revisite l’esprit de Steven Spielberg vum Valentin Maniglia (11. Juni 2020)