Michel Engels
De Michel Engels, gebuer den 8. Juli 1851 (Datum um Gebuertsakt)[1] am Rollengergronn an der deemoleger Gemeng mam selwechten Numm, an och do gestuerwen den 2. November 1901, war e lëtzebuergesche Moler an Zeechner.
Michel Engels | |
---|---|
Gebuer |
8. Juni 1851 Rollengergronn |
Gestuerwen |
22. November 1901 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun | Akademie der Bildenden Künste München |
Aktivitéit | Moler, Schrëftsteller, Kënschtler |
Member vun | Cercle artistique de Luxembourg |
Famill | |
Kanner | Victor Engels |
Liewen
ännerenDe Michel Engels war dat aacht a lescht Kand vum Gäertner Michel Engels (1812-1887) an der Elisabetha Rockenbrod (1810-1875).
Vun 1887 bis 1864 ass hien am Rollengergronn an d'Primärschoul gaangen, an huet duerno vun 1864 bis 1871 seng Secondairesstudien am Athénée royal grand-ducal an der Stad Lëtzebuerg gemaach.
Hien huet vun 1873 bis 1874 op der "Académie des Beaux Arts" zu München studéiert.
1877 gouf hie Maître de calligraphie et dessin an der Normalschoul, an 1878 Maître de dessin am Athénée grand-ducal, wou hien de 24. August 1894 eng Nominatioun fir Zeecheprofesser krut.
De 24. August 1880 gouf hie mat der Marie Eugénie Sylvie Koltz bestuet, déi de 4. Februar 1887 gestuerwen ass.
Hien huet den 2. Abrëll 1888 d'Susanna Greiveldinger bestuet. De 6. Mäerz 1892 koum hire Jong Victor Engels op d'Welt, deen Architekt ginn ass.
1893 war hie Matgrënner vum Cercle artistique de Luxembourg (CAL) an huet 1894 beim éischte Salon vum CAL matgemaach. Vun 1899 bis 1901 war hie President vum CAL.
Hien ass virun allem bekannt fir seng exakt Bläistëft- a Fiederzeechnungen.
Wierker
änneren- 1887 Biller aus der fréierer Bundesbefestigung Lëtzebuerg, 1969 nei erausginn vum Kutter ënner dem Titel "dessins pittoresques de Luxembourg".
- 1887 Die malerische Ausschmückung des Chores unserer Kathedrale, St. Paulus-Gesellschaft.
- 1889 20 esquisses du Luxembourg, Éditions J. Heintze, nei erausgi vum Comité Alstad 1989, 1990, 1991.
- 1893 La Procession solennelle de Luxembourg, Édition Michel Engels.
- 1893: Die Darstellung der Gestalten Gottes des Vaters, der getreuen und der gefallenen Engel in der Malerei: eine kunsthistorische Studie geschrieben und gezeichnet von Michel Engels. Édition L. Bück
- 1895: Hans Lützelburger: ein kunsthistorisches Gedenkblatt von Michel Engels an: Publications de la section historique de l'Institut grand-ducal de Luxembourg, vol. XLIV. Édition L. Bück
- 1897: Die Stadt Luxemburg ehemals und heute: Schilderung in Wort und Bild.
- 1898: Die Alzette: Poetisch-malerische Schilderung in Wort und Bild. Édition P. Worré-Mertens
- 1899: Die Kreuzigung Christi in der bildenden Kunst - Eine ikonographische und kunsthistorische Studie von Michel Engels an: Ons Hémecht Jg. 4, S. 190
- 1899: Michael v. Munkacsy und seine Beziehungen zum Luxemburger Lande. Édition P. Worré-Mertens
- 1901: Le Luxembourg pittoresque - Das romantische Luxemburger Land, Édition Mathias Huss. 1973 nei erausgi vum Kutter.
Biller
änneren-
Klierf (1886)
-
Knuedler (1867)
-
De breedewee an d'Neistrooss
-
D'Schlass-Bastioun um Bock
Gielchen
änneren- Chevalier vum Ordre de Mérite civil et militaire d'Adolphe de Nassau (Promotioun 1895)[2]
An der Stad Lëtzebuerg, am Quartier Hollerech, gouf eng Strooss no him genannt.[3]
Literatur
änneren- Ausstellungskatalog Michel Engels. 1851-1901. Sa vie. Son oeuvre, Villa Vauban - Galerie d'art de la ville de Luxembourg, Lëtzebuerg, 2000
- Anonym, 1963. Étapes de la peinture luxembourgeoise. 19e siècle: [Exposition] du 1er au 16 juin 1963. Musée d'histoire et d'art, Luxembourg. Impr. Linden, Luxembourg. Follgend Artiste gi behandelt: Jean-Baptiste Fresez, Mathieu Kirsch, Hilaire Kreins, Jacques Sturm, Jean-Nicolas Bernard, Nicolas Liez, Jean-Auguste Marc, Pierre Brandebourg, Michel Sinner, Michel Engels, Michel Weyler, Frantz Seimetz, Thérèse Glaesener-Hartmann, Ferdinand d'Huart, Jean-Pierre Huberty, Alphonse Jungers, Dominique Lang
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Michel Engels – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ Den Historiker Jean-Pierre Kunnert gëtt am Michel Engels senger Biographie, déi am Ausstellungskatalog Michel Engels. 1851-1901. Sa vie. Son oeuvre publizéiert gouf, den 8. Juni 1851 als Gebuertsdatum un, cf. Foussnott 1) S. 8: "l'acte de naissance n° 36-1851 de la commune de Rollingergrund indique le 8 juillet comme date de naissance. Les actes de mariages n° 78-1880 et n° 22-1888, de même que les documents officiels (nominations, titres etc...) indiquent le 8 juin."
- ↑ Das Begräbnis des Hrn. Engels am Luxemburger Wort vum 5. November 1901
- ↑ L-1465.