Manolete
spueneschen Torero
De Manuel Laureano Rodríguez Sánchez, genannt Manolete, gebuer de 4. Juli 1917 zu Córdoba; a gestuerwen den 28. August 1947 zu Linares, Spuenien war e berüümte spueneschen Torero. Hie war a ganz Spuenie wéinst sengem Courage an der Arena bekannt.
Manolete | |
---|---|
Gebuer |
4. Juli 1917 Córdoba |
Gestuerwen |
29. August 1947 Linares |
Nationalitéit | Spuenien |
Aktivitéit | Torero |
Hien ass 1947 an der Infirmerie vun der Arena vu Linares gestuerwen nodeem de Kampfstéier Islero en op d'Hare geholl hat.
Film
ännerenDe Schauspiller an Oscar-Präisdréier Adrien Brody spillt de legendären Torero am Film Manolete (2006/2007). D'Penélope Cruz spillt seng Frëndin. Well Déiereschutzbeweegunge fäerten, de Film géif de Stéierkampf ze vill verherrlechen, kritiséieren déi e schonn staark, éiert en iwwerhaapt gedréint ass.
Um Spaweck
ännerenCommons: Manolete – Biller, Videoen oder Audiodateien |