Le Tout Nouveau Testament
Le Tout Nouveau Testament ass e belsch-lëtzebuergesch-franséische Spillfilm vum Jaco Van Dormael, deen och, zesumme mam Thomas Gunzig, d'Dréibuch geschriwwen huet.
Film | |
---|---|
Produktiounsland |
Belsch, Lëtzebuerg Frankräich |
Produktiounsjoer | 2015 |
Première | 2015 |
Dauer | 113 min |
Faarf | Faarweg |
Originalsprooch | Franséisch |
Ekipp | |
Regie | Jaco Van Dormael |
Dréibuch |
Jaco Van Dormael Thomas Gunzig |
Fotografie | Christophe Beaucarne |
Musek | An Pierlé |
Produzent |
Climax Films, Après le Déluge, Juliette Films, Caviar Films, Orange Studio, VOO, BeTV, RTBF, Belga Productions |
Schauspiller | |
Pili Groyne als Ea Benoît Poelvoorde als Gott Yolande Moreau als dem Gott seng Fra Catherine Deneuve als Martine François Damiens als François Laura Verlinden als Aurélie Serge Larivière als Marc Didier De Neck als Jean-Claude Romain Gelin als Willy Marco Lorenzini als Victor David Murgia als J.C. | |
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre |
En hat seng Première um Filmfestival vu Cannes 2015 an der Quinzaine des réalisateurs a koum den 1., resp. 2. September 2015 an der Belsch an a Frankräich, an den 23. September zu Lëtzebuerg an de Kino.
Ëm wat geet et am Film?
ännerenDe Gott ass en ale Granzert, deen d'Mënsche kujenéiert, an dee mat Fra an Duechter zu Bréissel an engem trostlosen Appartement lieft. Säi Meedchen, d'Ea, huet däers genuch a mécht sech op d'Sich no 6 Apostelen, fir e Ganzt Neit Testament ze schreiwen, net awer, ouni virdrun iwwer SMS der ganzer Mënschheet hiren Doudesdatum geschéckt ze hunn...
Produktioun
ännerenDe Lëtzebuerger Filmfong huet d'Produktioun vum Film mat 1.800.000 Euro ënnerstëtzt.[1]
Referenzen
änneren- ↑ filmfund.lu: Conseil d'administration décisions du 5 février 2014