Kierch Osper
D'Kierch vun Osper ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Atertdall Sainte-Claire an zu der Gemeng Réiden op der Atert gehéiert.
| ||||
---|---|---|---|---|
Kierch vun Osper (2011) | ||||
Uertschaft / Plaz | Osper | |||
Par | Par Atertdall Sainte-Claire | |||
Dekanat | Zentrum | |||
Numm / Patréiner | Hl. Remigius | |||
Koordinaten | 49° 46’ 49.8’’ N 05° 54’ 37.2’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
De Patréiner ass den hellege Remigius, deem säi Fest den 1. Oktober gefeiert gëtt.
Se läit op enger Héicht laanscht d'Haaptstrooss, der N23, am südëstlechen Agang vum Duerf. Nieft der Kierch ass de Kierfecht ugeluecht.
Zur fréierer Par Osper huet ausser der Dekanatskierch vun Osper och nach d'Filialkierch vu Räichel gehéiert.
Geschicht
ännerenDe Chouer gouf 1542 gebaut, woubäi ugeholl gëtt, datt se op réimesche Fëllementer steet. De Kierchtuerm ass aus dem 11. Joerhonnert.
Bannen an der Kierch gëtt et Wandmolereien aus dem 13./14. Joerhonnert. Méi spéit gouf den Interieur vun der Kierch dem zäitgenëssesche Stil, dem Barock, ugepasst.
1938 gouf se no Norden hi vergréissert.
1968 gouf d'Kierch op d'Lëscht vun de klasséierte Monumenter als "Nationaalt Monument" opgeholl.
Quell
ännerenKlacken
ännerenAm Kierchtuerm vun Osper hänken 3 Klacken déi am Schlagtoun La (a’), Sol (g’), Fa (f‘) lauden.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Kierch Osper – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Websäit vum Parverband Groussbus, Osper
- Websäit vum fréiere Parverband Osper
- D'Fënstere vun der Kierch vun Osper op der Websäit vun der Stiftung Forschungsstelle Glasmalerei des 20. Jh. e. V. (de)
- D'Uergel vun der Kierch op Orgues.lu
- D'Kierch Osper an der ëffentlecher Facebookgrupp Patrimoine religieux Luxembourg - Reliéisen Ierwen Lëtzebuerg
- Video op Youtube aus der Serie: Kierchen a Kapellen zu Lëtzebuerg iwwer d'Kierch zu Opser