[go: up one dir, main page]

Jean Worré

lëtzebuergeschen Ingenieur
Dësen Architektursartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.


De Jean Worré, gebuer den 3. September 1816 an der Stad Lëtzebuerg[1] an do gestuerwen de 17. Oktober 1901,[2] [3]war e lëtzebuergeschen Ingenieur.

Jean Worré
Gebuer 3. September 1816
Lëtzebuerg
Gestuerwen 17. Oktober 1901
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Ingenieur

1845 krut hien eng Nominatioun als Kondukter bei der Bauverwaltung[4] a gouf dunn 1874 Chef-Ingenieur.

De Worré huet haaptsächlech Brécke mat engem grousse Bou gebaut an huet verschidden Alternativen ënnersicht fir eng Bréck iwwer de Péitrussdall ze bauen. Hien huet och d'Pläng gemaach fir de Plateau Bourbon an d'Ëmfeld vun der Gare z'amenagéieren, huet d'Säitestroosse vun der Aler Avenue gezeechent an och d'Antwerpenerstrooss (deemools rue du Fieldgen) geplangt bis op d'Kräizung mat der rue de la Semois.

Dem Worré seng Pläng hunn den Édouard André dozou bruecht de Péitrussdall als ëffentleche Park unzeleeën.

De Jean Worré ass um Nikloskierfecht an der Stad Lëtzebuerg begruewen.[5]

Gielercher

änneren

Bibliographie

änneren

Referenzen

änneren
  1. Geburt 03 Sep 1816 Luxemburg-Stadt, Luxembourg, G.D. de Luxembourg, gelies op www.deltgen.com den 9. Dezember 2011
  2. (en)Jean Worré (1816-1901) | WikiTree FREE Family Tree. www.wikitree.com (1816-09-03). Gekuckt de(n) 2023-08-29.
  3. (fr)Etat-civil de la ville de Laxembourg. L'Indépendance luxembourgeoise (19. Oktober 1901). Gekuckt de(n) 2023-08-29.
  4. Arrêté royal grand-ducal du 26 mars 1845, N° 567b, concernant la nomination de quatre conducteurs dans l'administration des travaux publics, publizéiert am Mémorial Nr 23 vum 8. Abrëll 1816, S. 209
  5. Graf vum Jean Worré um site vun der Gemeng Lëtzebuerg
  6. (fr)Avis. — Ordre de la Couronne de chêne. Memorial N°10. eluxemburgensia.lu (18. Februar 1887). Gekuckt de(n) 2023-08-29.
  7. (fr)Jean Worré | Ville de Luxembourg. www.vdl.lu. Gekuckt de(n) 2023-08-29.