Jacques Piccard
De Jacques Piccard, gebuer den 28. Juli 1922 zu Bréissel, a gestuerwen den 1. November 2008 zu Genf, war e Schwäizer Erfinder an Ozeanograph. Hie war virun allem bekannt wéinst senger Erfuerschung vum déiwe Mieresbuedem u Bord vum Bathyscaphe, dee vun him a sengem Papp, dem Auguste Piccard, entworf gouf.
Jacques Piccard | |
---|---|
Gebuer |
28. Juli 1922 Bréissel |
Gestuerwen |
1. November 2008 La Tour-de-Peilz |
Nationalitéit | Schwäiz |
Educatioun |
Universitéit vu Basel, Universitéit vu Genf |
Aktivitéit | Erfinder, Ingenieur, Explorateur |
Famill | |
Papp | Auguste Piccard |
Mat dem Bathyscaphe ass hien den 23. Januar 1960, zesumme mam Don Walsh, op eng Rekorddéift vu 10.916 Meter am Mariannegruef erof gedaucht. De Bathyskaph huet dobäi den Drock vu méi wéi 1000 Atmosphären aushale missen. Si konnte feststellen, datt et och an Dausende vu Meter Déift nach Fësch an deemno Liewe gëtt.
1969 huet de Jacques Piccard d'Ben Franklin (PX-15) Missioun am Waarme Golfstroum geleet. Dem Jacques säi Fils, de Bertrand Piccard, setzt d'Familljentraditioun fort an huet am Mäerz 1999 als Éischten nonstop mat engem Waarmloftballon en Tour ronderëm d'Äerd gemaach.
Um Spaweck
ännerenCommons: Jacques Piccard – Biller, Videoen oder Audiodateien |