Herzogtum Lëtzebuerg
D'Herzogtum Lëtzebuerg war en Herzogtum a Westeuropa, dat tëscht 1354 a 1794/95 bestanen huet. Et war en Deel vum Hellege Réimesche Räich vun Däitscher Natioun.
Geschicht
ännerenEt gouf 1354 vum Keeser Karel IV. gegrënnt, andeems en d'Grofschaft Lëtzebuerg mat hiren Annexe fir säi Brudder Wenzel I. vu Lëtzebuerg zum Herzogtum erhuewen huet. Dobäi goufen d'Maarkgrofschaft Arel, d'Grofschaften Durbuy a La Roche, sou wéi och d'Herrschaften Diddenuewen, Béibrech a Marville integréiert. D'Grofschaft Veianen war schonn den 11. Juni 1269[1] e "Lehe" vun de Grofe vu Lëtzebuerg ginn.
1364 koum nach d'Grofschaft Chiny an de Besëtz vum Haus Lëtzebuerg; et koum awer ni zu enger formeller Integratioun vun deem Gebitt an d'Herzogtum Lëtzebuerg. Dofir fënnt een, bis zur Franséischer Revolutioun, d'Bezeechnung "Pays Duché de Luxembourg et Comté de Chiny" a villen offiziellen Dokumenter.
Kuerz nom Doud vum Keeser Sigismund aus dem Haus Lëtzebuerg, ass d'Herzogtum 1441/43, duerch een Arrangement, un d'Herzoge vun der Bourgogne aus dem Haus Valois, déi wäitleefeg Kosenge waren, iwwergaangen, an duerno, duerch Bestietnes, un d'Haus Habsburg. De Karel V. huet et, duerch d'Pragmatesch Sanktioun vu 1549, Deel vun de Siwwenzéng Provënze gemaach. Déi Siwwenzéng Provënze ware selwer soss näischt wéi de Versuch vun enger Neiuerdnung vun den Nidderlanden tëscht dem haitegen Nordfrankräich (ë. a. Grofschafte Flandern an Artois) a Frisland.
Ënner dem Philipp II. vu Spuenien, deen d'Nidderlande geierft hat, koum et do, ënner der Leedung vum Wëllem vun Oranien ("der Schweigsame" od. "le Taciturne"), zu engem Opstand, an nëmmen de Süde konnt vun de Spuenier gehale ginn. Dës Provënzen, zu deenen och d'Herzogtum Lëtzebuerg gehéiert huet, goufe vun do un "Spuenesch Nidderlanden genannt. Den Norden (méi oder manner den haitegen hollännesche Staat) gouf dunn eng biergerlech Republik, déi aus siwe Provënzen (plus e puer gemeinsam Randgebidder am Süden) bestanen huet
1714/15 gouf d'Herzogtum Lëtzebuerg - mat deenen anere Principautéite vun de Spueneschen Nidderlanden - nom Spueneschen Ierffollegkrich - un déi éisträichesch Habsburg-Linn ofgetrueden a war vun do un Deel vun den éisträichechen Nidderlanden.
Wéi d'Truppe vun der Franséischer Revolutioun ë. a. Lëtzebuerg eruewert hunn, si 1795 d'Departementer als nei Verwaltungsstrukturen agefouert ginn. Den Territoire vum Herzogtum Lëtzebuerg - dat de facto ofgeschaf gouf - gouf opgedeelt an op d'Departementer Forêts (dee gréissten Deel), Sambre-et-Meuse an Ourthe verdeelt. Dëst gouf 1797 duerch den Traité vu Campo-Formio, zesumme mat den Annexiounen am Rhäinland, international unerkannt.
Ausbléck
änneren1815, um Wiener Kongress, gouf d'Herzogtum Lëtzebuerg net restauréiert, mä aus dem gréissten Deel vu sengem ale Gebitt (plus Bouillon) gouf e Groussherzogtum geschaf, an zwar zu Gonschte vum Wëllem vun Oranien-Nassau, dee scho Kinnek vum Vereenegte Kinnekräich vun den Nidderlanden gi war. Elo gouf et e Lëtzebuerger Staat (wéinstens um Pabeier), deen a Personalunioun mam "hollännesche" Staat stoung a gläichzäiteg ee Memberstaat vum Däitsche Bond ("Confédération germanique") war. De Kinnek-Groussherzog Wëllem I. vun den Nidderlanden huet awer säi Grand-Duché - wéi d'Festung eng "Bundesfestung" gi war, an där eng preisesch Garnisoun kasernéiert war - bal nëmme wéi eng Provënz vu sengem Räich betruecht. Hien hat et och de Preisen iwwerlooss, de Gouverneur vun der Festung sou wéi de Festungskommandant z'ernennen.
Kaart
ännerenLiteratur
änneren- Joseph Groben, L'ancien Duché de Luxembourg / Das ehemalige Herzogtum Luxemburg ; Lëtzebuerg, Sankt-Paulus Verlag, 1999; 311 S. (ill.); ISBN 2-87996-981-6.
- Gilbert Trausch, Le Luxembourg sous l'Ancien Régime - XVIIe, XVIIIe siècles et débuts du XIXe siècle ; -> Manuel d'histoire luxembourgeoise, 3. Band; Lëtzeburg, 1977 (= 1. Oplo).
- M. La Garde, Histoire du Duché de Luxembourg ; 2 Bänn, Bréissel 1849.
- Jean Bertholet, Histoire ecclésiastique et civile du Duché de Luxembourg et Comté de Chiny ; 8 Bänn, Lëtzebuerg,1741-1743.
- Dr. P. J. Müller, Tatsachen aus der Geschichte des Luxemburger Landes, Verlag "de Frendeskres", Imprimerie Bourg-Bourger, Luxemburg 1963.
- Vivre au Moyen Age: Luxembourg, Metz et Trèves; Etudes sur l'histoire et l'archéologie urbaines, sous la direction du Musée d'Histoire de la Ville de Luxembourg, Publications Scientifiques du Musée d'Histoire de la Ville de Luxembourg, tome 2, Luxembourg 1998.
Um Spaweck
ännerenCommons: Herzogtum Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ = Datum vum Vertrag