Gutland
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Film Gutland. Fir d'Géigend, kuckt wgl. Guttland. |
Gutland ass e lëtzebuergesch-däitsch-belsche Spillfilm vum Govinda Van Maele. E gouf tëscht August an Dezember 2016 gedréint an hat seng Première den 8. September 2017 um Toronto International Film Festival 2017.[1] Zu Lëtzebuerg gouf e fir d'éischt um Luxembourg City Film Festival 2018 gewisen, ier en den 2. Mee 2018 an de Kino koum.
Film | |
---|---|
Produktiounsland |
Lëtzebuerg, Belsch, Frankräich, Däitschland |
Produktiounsjoer | 2017 |
Première | 2017 |
Dauer | 107 min |
Faarf | Faarweg |
Filmformat | 35 mm |
Originalsprooch |
Lëtzebuergesch, Däitsch |
Ekipp | |
Regie | Govinda Van Maele |
Dréibuch |
Govinda Van Maele Razvan Radulescu (script doctor) |
Fotografie | Narayan Van Maele |
Musek | Mocke |
Schnëtt | Stefan Stabenow |
Produzent |
Gilles Chanial (Les Films Fauves), Olivier Dubois (Novak), Melanie Blocksdorf (Propellerfilm) |
Schauspiller | |
Fredrick Lau als Jens Fauser Vicky Krieps als Lucy Loschetter Marco Lorenzini als Jos Gierens Pit Bukowski als Marcel Leo Folschette als Arno Kleyer Gérard Blaschette als Hendrik Kleyer Irina Blanaru als Irina Kleyer Christiane Hoffmann als Irène Schlosser Gerdy Zint als Nikkel Arsène Streveler als Heng Clement Fanco Ariete als Charel Schlosser Théo Lieser als Boris Loschetter Sandro Pantanali als Sammy Kleyer Paul Hoffmann als Frank Hastert Martine Kohn als Fernande Loschetter Roger Origer als Henri Loschetter Yvette Müller als Sylvie Clement Marcel Heintz als Marco Mangen Guy Schwickerath als Bernard Brück Ismael Backes als Claude Wagner Nathalie Maas als Aline Wagner Nico Schlesser als Sven Hastert Marie-Louise Schaack als Josia | |
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre |
Ëm wat geet et am Film?
ännerenDe Jens, en Däitschen, kënnt mat enger décker Sacoche zu Schandelsmillen, engem Lëtzebuerger Duerf un, wou en ënnerdauche wëll. E freet do no Aarbecht, gëtt awer éischter vun de Leit am Duerf ofgewisen. Just dem Lucy, dem Buergermeeschter senger Duechter, kënnt hie méi no, a si verbréngen d'Nuecht mateneen. Déi Deeg drop ännert sech d'Situatioun fir hien: hie kritt eng Plaz als Kniecht, gëtt an d'Musek opgeholl, a fillt sech geschwënn am Duerf integréiert. Mä eppes ass do an deem Duerf, wat him net geheier ass....
Soss
ännerenD'Produktiounsgesellschaft Les Films Fauves krut am Februar 2015 e Subside an Héicht vu 60.000 Euro vum Lëtzebuerger Filmfong accordéiert fir d'Dréibuch vum Film ze entwéckelen.[2] Duerno krut se nach e weidere Subside vun 1.993.480 Euro fir de Film ze produzéieren.[3]
De Film, fir deen e Budget vun 3 Milliounen Euro virgesi war, gouf bannent 37 Dréideeg am Summer an am Dezember 2016 a verschiddenen Dierfer bei Miersch a bei Iechternach gedréint[4], ë. a. zu a ronderëm Hierber[5] an Dickweiler. Eng Zeen spillt am Uewersauer-Stauséi, deen net am Guttland ass[4].
2018 waren 3.719 Leit de Film zu Lëtzebuerg an de Kino kucken.[6]
De Film war 2018 vu Lëtzebuerg fir d'Oscar-Nominatioune virgeschloe ginn, gouf awer net nominéiert.
Auszeechnungen
ännerenGutland gouf mam Lëtzebuerger Filmpräis 2018 fir de beschte Fiktiouns- oder Spillfilm ausgezeechent. D'Vicky Krieps krut dee fir déi bescht Schauspillerin oder dee beschte Schauspiller fir hir Roll vun der Lucy[7].
Literatur
änneren- "Une certaine authenticité." In: d'Lëtzebuerger Land, 27. April 2018, Nr. 17, S.7. (Interview mam Govinda Van Maele iwwer de Film).
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
änneren- Fiche op imdb.com
- Websäit vum Film
- Kritik op hollywoodreporter.com
- Kritik op epd-film.de
- "Obsedéiert mat Trakteren." Interview iwwer de Film mam Regisseur Govinda van Maele op 100.komma7.lu, 26. Feb 2018 - 14:58.
Referenzen
änneren- ↑ op harltonempire.com Archivéiert de(n) 23.09.2017. Gekuckt de(n) 09.09.2017.
- ↑ filmfund.lu: Comité de Sélection décisions février 2015
- ↑ filmfund.lu: Comité de Sélection décisions février 2016
- ↑ 4,0 4,1 "Interview: 'There's no clan I belong to'." delano.lu, 02.05.2018.
- ↑ Stars in Herborn vor der Kamera: Gutland ist nicht Luxemburg. wort.lu, 6. Dezember 2016 um 12:13.
- ↑ "Top 100 Box Office 2018" op cna.public.lu, 06-05-2019.
- ↑ Marc Thill, Filmpräis 2018: And The Winner Is ... "Gutland" op wort.lu den 22. September 2018