[go: up one dir, main page]

Freshdax

lëtzebuergesch Hip-Hop-Grupp

Freshdax ass e Musekduo, deen Hip-Hop op Lëtzebuergesch mécht.

Freshdax
Museksgenre Hip-Hop
Land Lëtzebuerg
Grënnung 2012
Websäit Facebook, SoundCloud
Memberen Julien Primout (MC, Rapper)
Jacques "StA" Rasic (Produzent, DJ)

Bandgeschicht

änneren

Den Duo gouf 2012 gegrënnt mam Julien Primout, dem Sänger vun der Metalband Everwaiting Serenade, als Rapper an dem Jacques Rasic (och nach als StA bekannt) als Produzent. Am Januar 2014 hu si d'Single D'Spillplaz erausbruecht, déi op d'Plaz 50 am Eldoradio Chartbreaker ageklommen ass[1]. Och e Videoclip dofir gouf gedréint.

Hiren Album Ziel mir net däi Liewen ass um Musekslabel Noiseworks Records erauskomm. Op der Releaseparty den 18. Januar 2014 am Exit07 gouf Freshdax ënner anerem vu Synthesis ënnerstëtzt.

Zwee Joer drop gouf dunn den zweeten Album Alles beim Alen, Alen verëffentlecht, bei deem nach ëmmer Sozialkritik mat ironeschen Téin ausgeüübt gëtt[2]. Fir d'Singleauskopplung Gutt drop, besser drënner huet den Alphonse Hatz e Museksvideo gefilmt.

2014 an 2016 ass den Duo um Rock-A-Field opgetrueden, 2016 och nach um Rock um Knuedler.

Wéinst der Covid-19-Pandemie gouf den Iechternacher E-Lake Festival am Juli 2020 ofgesot. Amplaz gouf et e Concert vu Freshdax an zwee aner Kënschtler, dee live op RTL Tëlee Lëtzebuerg iwwerdroe gouf.[3] Schonn 2014 ware Freshdax um E-Lake opgetrueden.

No e puer méi rouege Joren hu Freshdax am Januar 2022 d'EP Fragil Männlechkeet op de Maart bruecht mat der éischter Singleauskopplung Boom, nëmme Boomer.[4] Am September koum nach e Video fir d'Titellidd Fragil Männlechkeet vum Sam Flammang eraus.

De 11. Mäerz 2023 hu Freshdax dunn den Album Kanner vum Groove bei enger Releaseparty an enger Bar um Belval presentéiert. Och hei huet de Sam Flammang e Video fir d'Auskopplung Ee Plackespiller an zwee Mics gedréint.

Diskografie

änneren

Albumen

änneren
  • 2014: Ziel mir net däi Liewen
  • 2016: Alles beim Alen, Alen
  • 2023: Kanner vum Groove
  • 2022: Fragil Männlechkeet

Singelen

änneren
  • 2014: D'Spillplaz
  • 2014: An denger Géigend (mam T the Boss)
  • 2015: Gutt drop, besser drënner
  • 2022: Boom, nëmme Boomer
  • 2022: Fragil Männlechkeet
  • 2023: Ee Plackespiller an zwee Mics

Um Spaweck

änneren

Referenzen

änneren
  1. Message op Facebook de 14. Januar 2014 um 02:42
  2. Le Quotidien: Freshdax, le duo hip-hop qui tire sur les Luxembourgeois (21. Januar 2016)
  3. rtl.lu: Freshdax, muer den Owend um 20.00 am Livestream beim e-Lake festival an op RTL Lëtzebuerg. vum Frank Elsen (9. August 2020)
  4. eldo.lu: Neie lëtzebuergeschen Hip-Hop mam Duo Freshdax (31. Januar 2022)