Emile Maar
Den Emile Maar, gebuer de 7. Oktober 1916 zu Nidderkuer, a gestuerwen den 23. September 1965 zu Käerjeng, war e geléierte Gäertner, spéider Sergeant an der 1re Armée Française a Leeder vun verschiddene lëtzebuergesche Resistenzzellen.
Emile Maar | |
---|---|
Gebuer |
7. Oktober 1916 Nidderkuer |
Gestuerwen |
23. September 1965 Nidderkäerjeng |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Resistenzler, Gäertner, Ënneroffizéier |
Uganks 1941 hat den Emile Maar, éischt Kontakter mat der PI-Men opgeholl, wou en direkt als Passeur an der Section Evasion gehollef huet, Flüchtlingen a Frankräich anzeschleisen. Bis Mäerz 1942 hat e vill geheim Grenziwwergäng erméiglecht. Spéider ass en a Kontakt gerode mat der L.R.L., wou en zimmlech séier d'Organisatioun vun der geheimer Ënnergrondbeweegung an der Géigend ëm Déifferdeng, Nidderkuer an Uewerkuer iwwerholl huet. Och zu Schëffleng an an Esch-Uelzecht huet den Emile Maar, zesumme mam Conrad Pauly, d'L.R.L.-Gruppen ausgebaut, a vun deem Zäitpunkt un de Poste vum Distriktschef vun der L.R.L. iwwerholl. Seng Haaptchargen hunn deemools virun allem an der Beschafung vu Geldmëttelen, Liewensmëttel- a Kleederkaarten an der Verdeelung vu patriotesche Fluchziedele bestanen.
Vum Juni bis August 1943 huet en am zum Deel besate Frankräich verbruecht, wou en och fir een Dag a Gefaangenschaft geroden ass. Wéi en erëm zu Lëtzebuerg war, huet e mat de Grenziwwergäng weidergemaach a ville bekannten Deserteuren a Frankräich polnesch Päss verschaaft, fir se sou virun enger weiderer Verfollgung ze schützen. Hie selwer huet sech wärend där Zäit misse verstoppt halen.
Wéi et ëmmer méi schwéier gouf d'Fluchtweeër z'organiséieren, huet misse gehandelt ginn. Den Emile Maar ass do op d'Iddi komm, de Refractairen ënner dem Buedem eng Stopp ze ginn, an zwar an der wäitleefeger Galerie Hondsbësch. Sou war den Emile den Initiator vum Nidderkuerer Hondsbësch-Bunker, an deem spéider iwwer 122 Refractairë verstoppt waren.
No der Befreiung vu Lëtzebuerg am Januar 1945 ass den Emile Maar als Fräiwëllegen an d'1re Armée Française gaangen, wou hien et bis zum Schluss vum Krich 1945 an de Rang vun engem Sergeant gepackt huet, dekoréiert mat der Croix de Guerre.
En ass am Alter vun 48 Joer 1965 gestuerwen.
Op sengem Begriefnes ware bekannt Leit, wéi ënner anerem den Alphonse Osch, de Lieutenant-Colonel Emile Krieps, an de Ferdinand Besch....
Éierungen
änneren- Croix de Guerre (Lëtzebuerg)
- Médaille des Volontaires Luxembourgeois de la Guerre de 1940 1945 (Lëtzebuerg)
- D'Kräiz zum Ordre de la Résistance 1940–1944 (Lëtzebuerg)
- Médaille de la reconnaissance nationale (Lëtzebuerg)
- Croix de Guerre (1939-1945) avec étoile de vermeil (Frankräich)
- Médaille commémorative de la Guerre 39-45 avec la Barette "Libération" (Frankräich)
- Croix du combattant (Frankräich)