Charles Grethen
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Charles, genannt Charel Grethen, gebuer den 2. Juni 1992[1] zu Tënten, ass e lëtzebuergesche Liichtathleet.
Charles Grethen | |
---|---|
Gebuer |
2. Juni 1992 Tënten |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun | Universitéit vu Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Mëttelstreckeleefer |
Kompetitiounsklass | 800-Meter-Laf |
Hie war 2016 bei den Olympesche Summerspiller zu Rio mat derbäi, wou hien am 800-Meter-Laf gestart ass[1].
2021 huet hie bei den Olympesche Summerspiller zu Tokyo beim 1500-Meter-Laf matgemaach. Hien huet sech am Virlaf fir d'Halleffinall qualifizéiert, an dunn och nach fir d'Finall - mat engem neie Lëtzebuerger Rekord vun 3'32,86". Do gouf hie mat enger Zäit vun 3'36,80" den 12. vun 13[2].
De Charel Grethen gouf zum Lëtzebuerger Sportler vum Joer 2021 gewielt.
Den 8. Sepetember 2023 huet hien zu Tréier mat 7'43"41 en neie Landesrekord op 3000 m opgestallt an den Dag drop huet hien dem Justin Gloden säi Rekord vun 1978 op den 2000 m op 5'05"40 erofgeschrauft.
Kuckt och
ännerenLiteratur
änneren- Joe Geimer, „Es ist verrückt”, Interview mam Charel Grethen am Luxemburger Wort vum 06.08.2021, S.30-31
Um Spaweck
ännerenCommons: Charles Grethen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Joe Geimer, „Charel Grethen auf den Spuren von Josy Barthel” wort.lu, 02.08.2021
- Charel Grethen knackt nationale Rekord ëm bal 4 Sekonnen a steet an der Finall Reportage op rtl.lu, 05.08.2021
Virdrun | Sportler vum Joer | Duerno |
---|---|---|
Bob Bertemes | 2021 | Bob Jungels Dylan Pereira |
Referenzen
änneren- ↑ 1,0 1,1 Fiche op teamletzebuerg.lu (gekuckt 09.08.2016).
- ↑ Olympesch Spiller: Charel Grethen gëtt den 12. iwwer 1500 Meter. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 2021-08-07.