Camille Pissarro
De Jacob Abraham Camille Pissarro, gebuer den 10. Juli 1830 zu Charlotte Amalie, deemools Kolonie Dänesch-Westindien, a gestuerwen den 12. November 1903 zu Paräis, war e bedeitenden a produktive franséische Moler vum Impressionismus.
Camille Pissarro | |
---|---|
Gebuertsnumm | Jacob Abraham Camille Pissarro |
Gebuer |
10. Juli 1830 Charlotte Amalie |
Gestuerwen |
13. November 1903 Paräis |
Doudesursaach | Sepsis |
Nationalitéit | Frankräich, Kinnekräich Dänemark |
Aktivitéit | Bauzeechner, Lithograph, Graveur, Moler, Graphiker |
Famill | |
Kanner | Félix Pissarro |
Hie gouf als Jong vun enger wuelsituéierter jiddescher Famill gebuer an ass zu Paräis an d'Schoul gaangen an huet duerno bei sengem Papp op den Antille geschafft. Mat 21 Joer huet hie säin Elterenhaus verlooss fir sech d'éischt a Venezuela a vun 1855 zu Paräis sech nëmmen nach der Konscht ze widmen.
Als ee vun deenen eelere vun de franséischen Impressionisten hat hie frëndschaftlech Bezéiunge mam Paul Cézanne, Claude Monet, Paul Gauguin a mam Vincent van Gogh.
De Pissarro huet virun allem Landschaften, Portraiten a Biller vu Stied an Häfe gemoolt, woubäi hien dacks op d'Technik vun der Lithographie zeréckgegraff huet.
Um Spaweck
ännerenCommons: Camille Pissarro – Biller, Videoen oder Audiodateien |