Bur (Rouspert-Mompech)
Bur ass eng Uertschaft an der Gemeng Rouspert-Mompech.
Bur | |
---|---|
d'Kierch an d'Schlass vu Bur | |
Aussprooch |
|
An anere Sproochen |
fr: Born de: Born |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Iechternach |
Gemeng | Rouspert-Mompech |
Buergermeeschter | Stéphanie Weydert |
Awunner | 408 |
1. Januar 2023 | |
Héicht | 241 m |
Koordinaten |
49° 45’ 33’’ N 06° 30’ 41’’ O |
Geographie
ännerenBur läit um rietsen Uwänner vun der Sauer.
Geschicht
ännerenBur gouf eng éischt Kéier 1084 an enger Charte als Burna ernimmt. 1317 gouf et Bornen genannt, an 1340 Burne.[1] Am Mëttelalter gouf et eng Herrschaft zu Bur; e gewëssen Heinrich vu Bur gëtt 1286 ernimmt. Si hunn de Virgängerbau vun haitege Schlass vu Bur opriichte gelooss. 1705 gouf et bei Ugrëffer vun der Arméi vum Marlborough zerstéiert.
Vu 1585 u gouf eng salzhalteg Quell exploitéiert, fir Salz ze gewannen[2].
1656, nom Drëssegjärege Krich, gouf et just nach 5 Stéit zu Bur. Ëm 1740 gouf dat haitegt Schlass vun der Famill Faust von Aschaffenburg-Hattstein gebaut. 1775 huet d'Famill De Villers et geierft. 1978 huet d'Gemeng et opkaf, an 1985 nees u Privatleit verkaaft.
Bis 1822 war Bur en eegestänneg Gemeng.[3] Bei der Opléisung koum d'Sektioun Bur bei d'Gemeng Mompech an déi aner Sektiounen, Dickweiler, Giischt, Giischterklaus, Hénkel an Hénkeler Millen koume bei Rouspert derbäi.
Den 1. Januar 2018 huet d'Gemeng Mompech mat der Gemeng Rouspert zu der Gemeng Rouspert-Mompech fusionéiert.
Kuckeswäertes
ännerenKuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Bur – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ Quell, wou net anescht uginn: Mayer, Christina, 2010, Topographie der Baukultur des Großherzogtums Luxemburg, Band 1: Kanton Echternach. Ministère de la culture, Service des sites et monuments nationaux, ISBN 978-2-495-15120-7, S.378 an 391.
- ↑ Volker Bingenheimer, Weißes Gold aus rostroter Quelle. Auf den Spuren der Salzgewinnung in Born: Aus der Zeit um 1500 ist ein Gradierwerk an der Sauer belegt., Luxemburger Wort, 4./5. Mee 2019, S. 44
- ↑ Dictionnaire géographique du Luxembourg