Badminton
Badminton ass besser bekannt als Fiederball, mä ass mëttlerweil well sou bekannt datt och Hobby-Spiller dëse Begrëff benotzen. Op der ganzer Welt sinn iwwer 14 Millioune Spiller an 156 Länner aktiv.
Badminton | |
---|---|
Typ | Rackettspill, Olympesch Sportaart |
Olympesch Sportaart | zënter 1992 |
Federatioun | |
International | International Badminton Federation |
Lëtzebuerg | Fédération luxembourgeoise de badminton |
Ursprong | |
Aner Informatiounen | |
Spiller (Minimum) | 2 |
Spiller (Maximum) | 4 |
Gebraucht gëtt | Badmintonrackett, Fiederball, Filet (Sport), Badmintonterrain, Maschinn fir Säiten ze spanen |
Aktuelle Weltmeeschter ♂ | Viktor Axelsen (Häreneenzel 2022) |
Aktuelle Weltmeeschter ♀ | Akane Yamaguchi (Dammeneenzel 2022) |
Badminton gehéiert zu de Réckschlagsportaarten a gëtt mat engem Fiederball (Shuttlecock) a jeeweils enger Rackett pro Persoun gespillt. De Ball muss iwwer d'Netz an dem Géigner säin Terrain gespillt ginn. D'Badmintondisziplinne sinn Eenzel, Dubbel a Mixt. Badminton gëtt bal nëmmen an der Hal gespillt.
Badminton zu Lëtzebuerg
ännerenLëtzebuerg huet am Ganzen 23 Badmintonclibb déi am nationale Verband federéiert sinn. Et gëtt Jugend-, Senior, Loisir- a Veteran-Championnater. Ausserdeem gëtt et all Joer eng "Coupe de Luxembourg" an eng Jugend-, Senior- a Veteran-Landesmeeschterschaft. Fir d'Seniore gëtt et d'Masters-Tournoien (Eenzel, Dubbel, Mixt) a fir d'Jugend d'Grandprixtournoien (Eenzel, Dubbel, Mixt).
Ranking
ännerenDe Ranking am Badminton ass an d'Klassen A, B, C, D agedeelt, woubäi A déi bescht ass. All lizenzéierte Spiller fänkt als D35 un a kann duerch Plussen, déi een kritt, wann ee géint ee gläich oder méi héich klasséierte Spiller gewënnt, eng Klass opklammen. Falls ee géint ee méi niddreg oder gläich klasséierte Spiller verléiert kann een och Minusse maachen. Et brauch een 12 Plusse fir eng Klass ze steigen oder 6 Minusse fir eng Klass ze falen.
Klassen: D35 - D30 - C25 - C20 - B15 - B10 - A05- A00
FELUBA
ännerenD'lëtzebuergesch Badmintonfederatioun heescht gekierzt FELUBA.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Fédération luxembourgeoise de badminton.
Nationalekipp
ännerenLëtzebuerg huet och eng Nationalekipp. D'Spiller ginn och duerch de Projet vum Sportlycée ënnerstëtzt.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Lëtzebuergesch Badmintonnationalekipp.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Badminton – Biller, Videoen oder Audiodateien |