Avanti! (Film 1972)
Film vum Billy Wilder (1972)
Avanti! ass en US-amerikanesch-italieenesche Film vum Billy Wilder aus dem Joer 1972 no engem Theaterstéck vum Samuel A. Taylor.
Film | |
---|---|
Produktiounsland |
USA Italien |
Produktiounsjoer | 1972 |
Première | 1972 |
Dauer | 140 min |
Faarf | Faarweg |
Format | 1,85:1} - 35 mm |
Originalsprooch |
Englesch Italieenesch |
Ekipp | |
Regie | Billy Wilder |
Dréibuch |
Billy Wilder I.A.L. Diamond |
Fotografie | Luigi Kuveiller |
Musek | Carlo Rustichelli |
Schnëtt | Ralph E. Winters |
Dekoren | Ferdinando Scarfiotti |
Produzent |
Billy Wilder The Mirisch Corporation Jalem Productions Produzioni Europee Associati (PEA) Phalanx Productions |
Schauspiller | |
Jack Lemmon als Wendell Armbruster Jr. Juliet Mills als Pamela Piggott Clive Revill als Carlo Carlucci Edward Andrews als J.J. Blodgett Gianfranco Barra als Bruno Franco Angrisano als Arnoldo Trotta Pippo Franco als Mattarazzo Janet Agren | |
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre |
Ëm wat geet et am Film?
ännerenDe Wendell Armbruster Jr. flitt an Italien fir säi Papp, en décken Industriellen, dee bei engem Autosaccident gestuerwen ass, sou séier wéi méiglech zeréck an d'USA ze huelen. Hie fällt aus alle Wolleken, wéi e gewuer gëtt, datt de Papp do scho jorelaang eng Frëndin hat, déi en an der Summervakanz heemlech getraff huet. D'Rappatriéiere erweist sech, wéinst dem ënnerschiddleche Liewensstil an Italien, als net sou einfach wéi geduecht. Da léiert hien och nach der Frëndin hiert Meedche Pamela kennen, dat aus dem selwechte Grond do ass...