Angelduerf
Angelduerf ass eng Uertschaft an der Gemeng Ierpeldeng.
Angelduerf | |
---|---|
Vue an d'Uertschaft | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Ingeldorf de: Ingeldorf |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Dikrech |
Gemeng | Ierpeldeng op der Sauer |
Buergermeeschter | Claude Gleis |
Awunner | 789 |
1. Januar 2023 | |
Héicht | 192 m |
Koordinaten |
49° 51’ 11’’ N 06° 08’ 06’’ O |
Geographie
ännerenAngelduerf läit gréisstendeels um lénksen Uwänner vun der Sauer op enger Héicht vun 195 m (NG-L). Mam rietsen Uwänner ass et duerch eng Stroossebréck an eng Foussgängerbréck verbonnen. Direkt um nërdlechen Uertsrand verleeft Eisebunnsstreck Ettelbréck–Dikrech, dat lescht nach befueren an erhale Stéck vun der aler Streck Ettelbréck–Gréiwemaacher. Angelduerf huet awer keng eege Gare.
Geschicht
ännerenAngelduerf gëtt fir d'éischt Kéier am 13. Joerhonnert ënner dem Numm Engendorff ernimmt. 1823 koum eng Revisioun vun de Gemengen, wou dunn Angelduerf, zesumme mat Ierpeldeng, an d'Gemeng Ettelbréck agegliddert gouf. Am 19. Joerhonnert huet Angelduerf noeneen zu de Gemengen Dikrech an Ettelbréck gehéiert, éier et dunn zanter 1850 mat Ierpeldeng d'Gemeng Ierpeldeng forméiert. Am Joer 2024 hat Angelduerf eng Bevëlkerung vun 816.[1]
Kuckeswäertes
änneren- Kierch Angelduerf steet ganz am Südweste vun Angelduerf an der rue de la Sûre net wäit vun der Sauer.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Angelduerf – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
änneren- ↑ "Registre national des personnes physiques RNPP : Population par localité". data.public.lu. 10.09.2024.