[go: up one dir, main page]

Adam Sigmund von Thüngen

Den Adam Sigmund von Thüngen, gebuer 1687 zu Thüngen an Ënnerfranken, a gestuerwen de 4. Juni 1745 an der Schluecht bei Hohenfriedberg am Zweete Schlesesche Krich, war Generolmajouer a Generolfeldmarschall-Läitnant an tëscht 1733 an 1735 Militärkommandeur vum Herzogtum Lëtzebuerg, wou hien de Wilhelm Reinhard Grof vun Neipperg vertrueden huet.

Adam Sigmund von Thüngen
Gebuer 20. Februar 1687
Thüngen
Gestuerwen 4. Juni 1745

De Fort Thüngen um Kierchbierg, deen zum 3. Festungsrank vun der Festung Lëtzebuerg gehéiert huet, ass no him genannt ginn, grad ewéi d'Rue du Fort Thüngen.

Kuckt och

änneren

Haus Thüngen

Literatur

änneren
  • Hannskarl Frhr. von Thüngen: Das Haus Thüngen 788 - 1988. Geschichte eines fränkischen Adelsgeschlechts. An der Kollektioun "Kostbares Unterfranken". Echter Verlag, Würzburg 1988.
  • Rudolf Frhr. von Thüngen: Das reichsritterliche Geschlecht der Freiherrn von Thüngen. Forschungen zu seiner Familiengeschichte. Reihe IX, Darstellungen aus der fränkischen Geschichte, Band 43. Verlag Degener & CO., Neustadt a.d. Aisch 1997.