1998 WW31
Den 1998 WW31 ass en Transneptuneschen Objet.
Eegenschafte vum Orbit | |
---|---|
Orbittyp | Transneptuneschen Objet |
Bezuchspositioun | Equinoxe: J2000.0 |
Grouss Hallefachs | 44,484 A.E. |
Exzentrizitéit | 0,089 |
Sideresch Ëmlafzäit | 296 a 251 d |
Inklinatioun | 6,819 Grad |
Physikalesch Eegenschaften | |
Duerchmiesser | 133 ± 15 km |
Mass | 1,7 × 1018kg |
Rotatiounsperiod | 12,31 h |
Absolut Hellegkeet | 6,05M |
Entdeckung | |
Entdecker | Deep Ecliptic Survey |
Entdeckungsdatum | 18. November 1998 |
Hie gouf den 18. November 1998 vum Deep Ecliptic Survey entdeckt a mécht mam Objet S/2000 (1998 WW31) 1 dat éischt entdeckt transneptunescht Duebelsystem zanter der Entdeckung vum Pluto a senge Mounden an ass dat bekanntst wéi och dat symmetreschtst Duebelsystem am Sonnesystem.
Déi zwéi Kierper hu bal déi selwecht Gréisst, d'Verhältnes vun hirem Duerchmiesser ass 1:1,2, d'Verhältnes vun hire Massen ass 1:1,74, wann ee vun de selwechten Uewerflächen an Dichten ausgeet. Hir Ëmlafzäit ëmeneen dauert ronn 570 Deeg, d'Distanz vuneneen ass tëscht ronn 4.000 a 40.000 km, woubäi déi grouss Hallefachs ongeféier 22.000 km ass. D'Duerchmiesser vu béiden Objete leien ongeféier tëscht 100 an 150 km, wann ee vun enger Dicht vun 1 bis 2 g/cm³ ausgeet. Hir kollektiv Mass ass 1/6000 vum System Pluto-Charon.