[go: up one dir, main page]

Op den Inhalt sprangen

Roman Polański

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Roman Polanski)
Roman Polański
Gebuertsnumm Raymond Thierry Liebling
Pseudonym Romek
Gebuer 18. August 1933
Paräis
Nationalitéit Polen, Frankräich
Aktivitéit Filmregisseur, Schauspiller, Filmproduzent, Dréibuchauteur, Schrëftsteller, Charakterschauspiller, Filmschauspiller, Theaterregisseur, Regisseur
Member vun Académie des beaux-arts
Famill
Bestuet mat Barbara Lass, Emmanuelle Seigner
Kanner Morgane Polanski

De Raymond Roman Thierry Polański, gebuer Liebling den 18. August 1933 zu Paräis, ass e franséisch-polnesche Filmregisseur a -produzent, Dréibuchauteur a Schauspiller.

De Polański ass de Jong vu polnesch-jiddeschen Elteren. 1937 ass d'Famill vu Paräis op Kraków geplënnert. Zwee Joer drop huet mam Iwwerfall op Polen duerch Nazi-Däitschland den Zweete Weltkrich ugefaang, an d'Famill gouf am Krakauer Ghetto agespaart. Nodeem seng Mamm a säi Papp vun do a KZer deportéiert goufen, huet de Polański seng formativ Joren a Fleegefamille verbruecht, an den Holocaust iwwerlieft, andeems en eng falsch Identitéit ugeholl a säi jiddesch Originne verstoppt huet.

Dem Polański säin éischte Spillfilm, Nóż w wodzie (Knife in the Water) (1962), deen en a Polen gedréint huet, gouf fir den Oscar fir Beschten auslännesche Film nominéiert. Nodeems hien e puer Joer a Frankräich gelieft hat, ass hien a Groussbritannien geplënnert, wou hien seng éischt dräi engleschsproocheg Spillfilmer gedréint huet: Repulsion (1965), Cul-de-sac (1966), an The Fearless Vampire Killers (1967). 1968 ass hien an d'USA gaangen, wou hie mam Horrorfilm Rosemary's Baby direkt grousse Succès an Unerkennung fonnt huet. Dono huet hien Macbeth (1971) an England a Chinatown (1974) zu Hollywood opgeholl. Zu sengen weidere Filmer, déi vun der Kritik gelueft goufen, zielen Le locataire (1976), Tess (1979), The Pianist (2002), fir deen hien den Oscar fir dee Beschte Regisseur an eng Gëlle Palm krut, The Ghost Writer (2010), Venus in Fur (2013), a J'accuse (2019). Nieft dem schonn ernimmten Oscar krut de Polański och zwéi British Academy Film Awards, zéng Césaren, zwéi Golden Globe Awards an ee Gëllene Bier.

1969 gouf dem Polański seng schwanger Fra, d'Schauspillerin Sharon Tate, zesumme mat véier Frënn vun de Membere vun der Manson Family ëmbruecht.

1977 gouf de Polański festgeholl wéinst Drogen a Vergewaltegung vun engem 13 Joer ale Meedchen. Deen Dag virum Urteel ass hien aus den USA an Europa geflücht, wou hie weider geschafft huet.

Commons: Roman Polański – Biller, Videoen oder Audiodateien