Phantom Thread
Film | |
---|---|
Produktiounsland | USA |
Produktiounsjoer | 2017 |
Première | 11. Dezember 2017 |
Dauer | 130 min |
Faarf | Faarweg |
Format | 1,85:1 |
Originalsprooch | Englesch |
Ekipp | |
Regie | Paul Thomas Anderson |
Dréibuch | Paul Thomas Anderson |
Fotografie | Paul Thomas Anderson |
Musek | Jonny Greenwood |
Schnëtt | Dylan Tichenor |
Dekoren | Mark Tildesley |
Produzent |
Annapurna Pictures Ghoulardi Film Company Paul Thomas Anderson Megan Ellison JoAnne Sellar |
Schauspiller | |
Daniel Day-Lewis als Reynolds Woodcock Lesley Manville als Cyril Woodcock Vicky Krieps als Alma Jane Perry als Mrs. Vaughan Camilla Rutherford als Johanna Ingrid Sophie Schram als Ingrid Sarah Lamesch als Steff Lujza Richter als Mona Braganza | |
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre |
Phantom Thread ass en US-amerikanesche Spillfilm vum Regisseur Paul Thomas Anderson, deen och d'Dréibuch geschriwwen huet. De Film hat seng Première de 25. Dezember 2017 an den USA an den 1. Februar 2018 zu Lëtzebuerg.[1]
Ëm wat geet et am Film?
[änneren | Quelltext änneren]De Film spillt an den 1950er Joren zu London am Moudendesigner-Milieu. De Couturier Reynolds Woodcock (Daniel Day-Lewis) a seng Sëschter Cyril (Lesley Manville) entwerfen a bitze Räck fir d'Kinneksfamill, Filmstaren a soss Leit, déi zu de Räichen a Schéine gehéieren oder gehéiere wëllen. De Woodcock ass en zimmlech pedantesche Jonggesell, bis en enges Daags déi jonk eegewëlleg Serveuse Alma (Vicky Krieps) kenne léiert, an déi e sech sou verléift, datt et em säi ganzt, op d'Mooss geschneidert Liewen, op d'Kopp geheit...[2]
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Interview mat der Vicky Krieps iwwer de Film an hir Roll, youtube.com
- "Invité am Moies-Magazin: Vicky Krieps." Interview mat der Vicky Krieps iwwer de Film an hir Roll op 100komma7.lu, 03. Feb 2018 - 10:30.