[go: up one dir, main page]

Op den Inhalt sprangen

Smallville

Vu Wikipedia
Smallville
Serie
Produktiounsland USA
Dauer 42
Format 16:9
Originalsprooch Englesch
Follgen 126
Éischt Folleg 16. Oktober 2001
Staffelen 10
Episoden 217
Ekipp
Iddi Alfred Gough
Miles Millar
Dréibuch Holly Henderson,
Don Whitehead,
Michael Green
Produzent Alfred Gough
Miles Millar
Produktiouns-
gesellschaft
Warner Bros.,
DC Comics
Distributioun Warner Bros. Television, Hulu
Schauspiller
Tom Welling
Allison Mack
Kristin Kreuk
Michael Rosenbaum

Smallville ass eng US-amerikanesch Televisiounsserie, déi fir d'éischt Kéier de 16. Oktober 2001 gelaf ass, an nach ëmmer leeft.

An der Serie geet et ëm d'Jugend vum Clark Kent, dem spéidere Superman, a senge Frënn a Géigespiller a senger Heemechtsstad Smallville, Kansas.

Smallville gouf vum Alfred Gough a vum Miles Millar geschaf, an ass de 16. Oktober 2001 um WB Network fir d'éischt Kéier ausgestraalt ginn. Haut leeft d'Serie an den USA um The CW an ass an hirer sechster Staffel.

An Europa leeft Smallville bei eisen däitschen Noperen op RTL, a Frankräich op M6, an der Belsch op La Deux an an Éisträich um ORF. Gefilmt gëtt ronderëm Vancouver, British Columbia, Kanada.

Ëm wat geet et ?

[änneren | Quelltext änneren]

Nodeem 1989 e Ree vu Meteoritten iwwer der Klengstad Smallville, Kansas, néiergaangen ass, geschéien do komesch Saachen. Vill Leit kruten duerch den Afloss vun de Meteoritten (Kryptonit) besonnesch Fäegkeeten. Mä et huet net nëmme Steng gereent, deen Dag ass och de klenge Kal-El a sengem Raumschëff op d'Äerd komm, dee vill Jore méi spéit de Superman gëtt.

De klenge Jong gëtt vun der Koppel Martha (Annette O'Toole[1]) an Jonathan Kent (John Schneider[2]) fonnt, wéi si no engem Ausfluch an d'Stad nees um Wee zeréck op hir Farm fueren. D'Martha, déi selwer keng Kanner kréie kann, entscheet sech, de klenge Jong ze behalen, an d'Koppel gëtt him den Numm "Clark".

12 Joer méi spéit geet den Teenager Clark Kent (Tom Welling) an de Lycée, an ass an d'Nopeschmeedche lana Lang (Kristin Kreuk) verléift. Fir d'éischt Kéier begéint hien och dem Lex Luthor (Michael Rosenbaum) deem hie bei engem Autosaccident d'Liewe rett. Am Laf vun den éischte Staffele sinn dem spéidere Superman seng Nemesis an de Clark souguer richteg gutt Frënn.

Weider Kommerode sinn d'Chloe Sullivan (Allison Mack), de Pete Ross (Sam Jones III) a spéider d'Lois Lane (Erica Durance).

Haaptduersteller

[änneren | Quelltext änneren]
D'Schauspillerequipe vu Smallville aus der éischter Staffel.
Commons: Smallville – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. D'Annette O'Toole huet am Film Superman III d'Lana Lang gespillt.
  2. Bo Duke an der Serie The Dukes of Hazzard.