[go: up one dir, main page]

Op den Inhalt sprangen

Kierch Sprénkeng

Vu Wikipedia
Kierch vu Sprénkeng
Filialkierch vu Sprénkeng (2013)

Filialkierch vu Sprénkeng (2013)
Filialkierch vu Sprénkeng (2013)
Uertschaft / Plaz Sprénkeng
Par Mess-Réibierg
Sainte-Famille
Dekanat Süden-West
Numm / Patréiner Mariä Heimsuchung
Baujoer 1766
Koordinaten 49° 34’ 50.3’’ N
      05° 57’ 52.0’’ O

Kierchen - Kapellen

D'Kierch zu Sprénkeng ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Mess-Réibierg Sainte-Famille gehéiert.

D'Kierch ass Mariä Heimsuchung geweit. D'Fest ass de Sonndeg nom 1. Juli.

Se steet zentral an der Uertschaft laanscht d'Haaptstrooss (rue du Moulin, rue de la Chapelle), den CR103.

Den 29. September 2021 gouf s'als nationaalt Monument klasséiert.[1]

Zur fréierer Par Schuller gehéiert ausser der Filialkierch vu Sprénkeng och nach d'Kierch vu Schuller.

Bis 1792 huet Sprénkeng zesumme mat Schuller an Dippech zur Par Duelem gehéiert, wéi den Äerzbëschof vun Tréier de Parsëtz op Sprénkeng verluecht huet. 1884 gouf de Sëtz vun der Par op Schuller verluecht.

Déi aktuell Kierch staamt aus dem Joer 1766 an huet op där Plaz eng Kierch ersat, déi schonn 1260 ernimmt gouf. Vun där aler Kierch ass nëmmen den Tuerm erhale bliwwen.

D'Kierch huet wäertvoll barock Miwwelen, déi 1979 vum Carlo Bettendorf an hirer ursprénglecher, polychroméierter Form restauréiert goufen. Uewen um Haaptaltor kann een déi dräi Kinneke gesinn, déi Niewepatréiner vun der Kierch sinn.

De Priedegtstull erënnert am Opbau a mat senge Medaillone vun de véier Evangelisten un d'Priedegtstill vun Uewerkäerjeng, Uewerkuer, Käerch, Garnech, Biekerech, Biebereg an Äischen, déi am Zesummenhank mat dem Atelier vum Sculpteur Nicolas Jacques stinn.

Op deem lénkse Säitenaltor steet eng Statu vum hellegen Donatus, op dem rietssäitegen Altor eng vun der helleger Anna.

Commons: Kierch Sprénkeng – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 3. Juli 2024).