FIFA World Cup
De FIFA World Cup ass d'Coupe vun der Foussball-Weltmeeschterschaft, déi zanter 1974 vergi gëtt.
Ausgesin
[änneren | Quelltext änneren]De 1971 vum Italieener Silvio Gazzanigi kreéierte FIFA World Cup-Pokal ass eng gëlle Skulptur aus 18-Karat Gold a Malachitsteng déi 36 cm héich ass a 5 kg weit. Si weist zwéi Foussballspiller déi triumphéieren an zesummen d'Weltkugel an hiren ausgestreckten Hänn halen.
Wäert
[änneren | Quelltext änneren]Nëmmen den amtéierende Weltmeeschter kritt den 10 Mio. Dollar deiere Pokal fir véier Joer ausgehännegt. Nodeem en de Pokal un den neie Weltmeeschter erëm muss ofginn, kritt d'Land eng vergëllt Replique vum Original. Eleng d'Hierstellung kascht 50.000 US-Dollar. No 2038 ass keng Plaz méi um Sockel vun der Coupe fir e weidere Gewënner anzedroen.
Gewënner
[änneren | Quelltext änneren]- 1974 Däitschland
- 1978 Argentinien
- 1982 Italien
- 1986 Argentinien
- 1990 Däitschland
- 1994 Brasilien
- 1998 Frankräich
- 2002 Brasilien
- 2006 Italien
- 2010 Spuenien
- 2014 Däitschland
Virgänger
[änneren | Quelltext änneren]Virgänger vum FIFA World Cup war d'Coupe Jules Rimet. Dës gouf bei de Foussball-Weltmeeschterschafte vun 1930 bis 1970 vergin. Se gouf nom fréiere FIFA-President Jules Rimet benannt.