[go: up one dir, main page]

Op den Inhalt sprangen

Paulus vun Tarsus

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Apostel Paulus)
Paulus vun Tarsus
Den hellege Paulus op engem Bild vum Guercino (1591–1666)
Titel
Titel Apostel
Biographie
Gebuertsnumm שאול התרסי, Saulus Tarsensis
Gebuer 5 jul.
Tarsus
Gestuerwen 66 jul.
Roum
Doudesursaach Käppen
Nationalitéit Réimescht Räich
Aktivitéit Schrëftsteller,
Theolog,
Missionnaire,
Geeschtlechen,
Rabbiner,
Reesenden,
Handwierker
Aner Informatiounen
Statut Kanoniséierten Hellegen
Gedenkdag 12. Juli
Klassesch Duerstellung (1390)
Phantombild-Rekonstruktioun vum méigleche Gesiicht

De Paulus vun Tarsus (griichesch Παῦλος) war en Apostel aus dem Neien Testament an ee besonnesch wichtege Missionnaire vum fréie Chrëschtentum. Wéinst senge Bekéierungsmissiounen am Osten a senge laange Reesen, déi en dowéinst ënnerholl huet, gëtt en och nach Volleksapostel genannt.

Vum Paulus fënnt ee véierzéng Bréiwer an der Bibel am Neien Testament. Si sinn u verschidde Vëlker geriicht, dorënner d'Réimer, d'Epheser, d'Galater, d'Thessaloniker an d'Korinther.

Liewen an Hellegelegend

[änneren | Quelltext änneren]

De Paulus gouf zu Tarsus, an der réimescher Provënz Kilikien, gebuer. Dowéinst hat hien och dat réimescht Biergerrecht. Säi jiddeschen Numm ass Saulus oder Sha'ul, säin Numm als réimesche Bierger Paulus. Als Beruff huet e Wiewer geléiert. Wéi et schéngt konnt e Griichesch, Hebräesch an och Aramäesch schwätzen.

Als jonke Mënsch ass en op Jerusalem gaangen, fir ze studéieren. Ausserdeem war en e Pharisäer. Hien huet och an den éischte Chrëschteverfollgungen eng Roll gespillt, hien huet als iwwerzeegte Judd d'Chrëschte fir geféierlech gehalen. Bei enger Rees op Damaskus, wou en och Chrëschte sollt verfollegen, krut hien eng Visioun vum Operstanene Christus. Doropshin ass e vu sengem Päerd gefall a blann ginn. Wéi en zu Damaskus ukomm war, huet hie sech deefe gelooss, du konnt en och erëm gesinn. Duerno gouf en ee vun de gréisste chrëschtleche Missionnairen.

Méi spéit huet en dräi laang Missiounsreesen ënnerholl an och déi véierzéng Bréiwer geschriwwen, déi een haut nach an der Bibel fënnt. Zu Caesarea gouf en du schlussendlech vu réimeschen Zaldote festgeholl, mä dat Schëff, mat deem e sollt op Roum gefouert ginn, ass virun der Insel Malta ënnergaangen.

Nodeem en trotzdeem zu Roum ukomm war, gouf e warscheinlech verhaft an agespaart. Ëm d'Joer 66 no Christus ass en dunn higeriicht ginn.

De Paulus vun Tarsus gëtt gemenkerhand mat den Attributer Buch a Schwäert duergestallt.

De Gedenkdag vum Apostel Paulus ass den 29. Juni, de selwechten Dag wéi dee vum Apostel Péitrus.

De liturgesche Gedenkdag ass de 25. Januar. Heibäi handelt et sech ëm d'Bekéierung vum hellege Paulus, zu Däitsch Pauli Bekehrung, deen Dag, un deem sech dee bis dohi jiddesche Saulus zum Chrëschtentum bekannt huet.

Hien ass de Patréiner vu Malta, Roum, Umbrien, Kavala (Griicheland), Posen (Polen) an de Diözeese Gliwice, Legnica a Münster. Hien ass och de Patréiner vun ë. a. den Theologen a Paschtéier, Wiewer, Kierfmécher, Seelmécher, Suedeler, Aarbechter; der kathoulescher Press; fir Reen a Fruchtbarkeet vun de Felder; géint Angscht a Besuergnes, Ouerekrankheeten, Krämp, Schlangebëss, Blëtz an Knëppelsteng; Patréiner vum Bistum

Fir un de Paulus vun Tarsus z'erënneren, ass zu Nidderkuer eng Strooss no him genannt: Rue St Paul. An der Stad Lëtzebuerg ass d'„Hollerecher Plaz“ nom Paulus a Péitrus genannt: Place Sts Pierre et Paul.

Commons: Paulus vun Tarsus – Biller, Videoen oder Audiodateien