[go: up one dir, main page]

Op den Inhalt sprangen

Vindobona: Ënnerscheed tëscht de Versiounen

Vu Wikipedia
Inhalt geläscht Inhalt derbäigesat
k clean up using AWB
Rescuing 1 sources and tagging 0 as dead.) #IABot (v2.0.9.5
 
(8 Tëscheversioune vun 4 Benotzer ginn net gewisen)
Linn 1: Linn 1:
<div id="Vorlage_Dieser_Artikel">
{| cellspacing="8" cellpadding="0" class="hintergrundfarbe1 rahmenfarbe1" style="width: 100%; font-size: 95%; border-bottom-style: solid; margin-bottom: 1em; position:relative;"
{| cellspacing="8" cellpadding="0" class="hintergrundfarbe1 rahmenfarbe1" style="width: 100%; font-size: 95%; border-bottom-style: solid; margin-bottom: 1em; position:relative;"
| style="width: 25px; vertical-align: middle;" | [[Fichier:Disambig.svg|25px]]
| style="width: 25px; vertical-align: middle;" | [[Fichier:Disambig.svg|25px]]
| Dësen Artikel beschäftegt sech mat der [[Kelten|keltescher]] an duerno [[Réimescht Räich|réimescher]] Siidlung Vindobona am haitege [[Wien]]. Fir aner Bedeitunge vu Vindobona, kuckt w.e.g. [[Vindobona (Homonymie)]].
| Dësen Artikel beschäftegt sech mat der [[Kelten|keltescher]] an duerno [[Réimescht Räich|réimescher]] Siidlung Vindobona am haitege [[Wien]]. Fir aner Bedeitunge vu Vindobona, kuckt wgl. [[Vindobona (Homonymie)]].
|}
|}
[[Fichier:Réimecht Wien (Kaart).png|thumb|Dat réimecht Wien]]
[[Fichier:Das roemische Wien.png|thumb|Dat réimecht Wien]]
[[Fichier:WienRömer.jpg|thumb|300px|Réimesch Iwwerreschter bei der [[Hofburg]] um Michaelerplatz]]
[[Fichier:WienRömer.jpg|thumb|300px|Réimesch Iwwerreschter bei der [[Hofburg]] um Michaelerplatz]]
'''Vindobona''' war ursprénglech eng [[Kelten|keltesch]] Siidlung, a spéider e réimescht [[Legiounslager]] am haitege [[Wien]]. Ëm [[15 v. Chr.]] gouf d'Kinnekräich [[Noricum]] an d'[[Réimescht Räich]] opgeholl. D'[[Donau]] gouf zu der Grenz vum Imperium, an d'Réimer hunn um Donauufer Befestegungen a Siidlungen ugeluecht.
'''Vindobona''' war ursprénglech eng [[Kelten|keltesch]] Siidlung, a spéider e réimescht [[Legiounslager]] am haitege [[Wien]]. Ëm [[15 v. Chr.]] gouf d'Kinnekräich [[Noricum]] an d'[[Réimescht Räich]] opgeholl. D'[[Donau]] gouf zu der Grenz vum Imperium, an d'Réimer hunn um Donauufer Befestegungen a Siidlungen ugeluecht.


Der Geograph [[Ptolemäus]] ernimmt Vindobona a senger ''Explicatio geographica''. De Geschichtsschreiwer [[Aurelius Victor]] erzielt, datt de Keeser [[Marcus Aurelius]], deen hei während de [[Markomannekricher]] ee vu sengen Haaptquartéieren hat, de [[17. Mäerz]] [[180]] zu Vindobona gestuerwen ass. Nach haut gëtt et zu Wien an der Géigend vum ''Hohen Markt'' eng ''Marc-Aurelstrasse''. Vindobona huet zu der [[Réimesch Provënz|réimescher Provënz]] [[Pannonia]] gezielt. D'regionalt Verwaltungszentrum war [[Carnuntum]].
Der Geograph [[Ptolemäus]] ernimmt Vindobona a senger ''Explicatio geographica''. De Geschichtsschreiwer [[Aurelius Victor]] erzielt, datt de Keeser [[Marcus Aurelius]], deen hei wärend de [[Markomannekricher]] ee vu sengen Haaptquartéieren hat, de [[17. Mäerz]] [[180]] zu Vindobona gestuerwen ass. Nach haut gëtt et zu Wien an der Géigend vum ''Hohen Markt'' eng ''Marc-Aurelstrasse''. Vindobona huet zu der [[Réimesch Provënz|réimescher Provënz]] [[Pannonia]] gezielt. D'regionalt Verwaltungszentrum war [[Carnuntum]].


Vindobona war e Militärlager mat "ugebauter" Zivilstad ([[Canabae]]). Um aneren Donauufer konnt eng [[Germanen|germanesch]] Siidlung mat enger grousser Handelplaz zanter dem [[2. Joerhonnert]] nogewise ginn.
Vindobona war e Militärlager mat "ugebauter" Zivilstad ([[Canabae]]). Um aneren Donauufer konnt eng [[Germanen|germanesch]] Siidlung mat enger grousser Handelplaz zanter dem [[2. Joerhonnert]] nogewise ginn.


Den Ëmrëss vum Militärlager kann een haut nach um Stroosseverlaf erkennen: ''Graben, Naglergasse, Tiefer Graben, Salzgries, Rabensteig, Rotenturmstrasse''. Den Numm ''Graben'' soll op de Befestegungsgruef vum Lager zréckgoen. Et gëtt ugeholl datt en Deel vun dëse Maueren nach stoungen, wéi am [[Mëttelalter]] d'Stroossen ugeluecht goufen, an domat de Stroosseverlaf virginn hunn. An engem Eck vum Lager ass spéider de [[Berghof (Wien)|Berghof]] entstanen.
Den Ëmrëss vum Militärlager kann een haut nach um Stroosseverlaf erkennen: ''Graben, Naglergasse, Tiefer Graben, Salzgries, Rabensteig, Rotenturmstrasse''. Den Numm ''Graben'' soll op de Befestegungsgruef vum Lager zeréckgoen. Et gëtt ugeholl datt en Deel vun dëse Maueren nach stoungen, wéi am [[Mëttelalter]] d'Stroossen ugeluecht goufen, an domat de Stroosseverlaf virginn hunn. An engem Eck vum Lager ass spéider de [[Berghof (Wien)|Berghof]] entstanen.


Vindobona gouf vu réimeschen Häff ([[Villa rustica|Villae rusticae]]) aus der Ëmgéigend mat Iesse versuergt.
Vindobona gouf vu réimeschen Häff ([[Villa rustica|Villae rusticae]]) aus der Ëmgéigend mat Iesse versuergt.


Op ville Plazen zu Wien goufen Iwwerreschter aus der Réimerzäit fonnt: Op der ''Freyung'' ass eng schmuel Sträif vun enge Réimerstrooss fräigeluecht ginn. Um ''Michaelerplatz'' gouf e rechteckegen Ausschnëtt queesch duerch verschidden historesch Schichten ausgegruewen, dorënner och Deeler aus der réimescher Stad [http://www.wienmuseum.at/1497.htm]. Ënner der Pompjeeszentral um ''Hof'' ass en Deel vun der réimescher Kanalisatioun [http://www.wienmuseum.at/1393.htm]. Um ''Hohen Markt'' ass den Agank zu engem Keller mat réimesche Fundamenter, wahrscheinlech Deeler vun Offizéiersquartéieren [http://www.wienmuseum.at/1390.htm].
Op ville Plazen zu Wien goufen Iwwerreschter aus der Réimerzäit fonnt: Op der ''Freyung'' ass eng schmuel Sträif vun enge Réimerstrooss fräigeluecht ginn. Um ''Michaelerplatz'' gouf e rechteckegen Ausschnëtt queesch duerch verschidden historesch Schichten ausgegruewen, dorënner och Deeler aus der réimescher Stad [https://web.archive.org/web/20070611221153/http://www.wienmuseum.at/1497.htm]. Ënner der Pompjeeszentral um ''Hof'' ass en Deel vun der réimescher Kanalisatioun [https://web.archive.org/web/20070820061947/http://www.wienmuseum.at/1393.htm]. Um ''Hohen Markt'' ass den Agank zu engem Keller mat réimesche Fundamenter, warscheinlech Deeler vun Offizéiersquartéieren [https://web.archive.org/web/20070728061716/http://www.wienmuseum.at/1390.htm].


== Um Spaweck ==
== Um Spaweck ==
{{Commonscat}}
{{Commonscat}}
* [http://www.wienmuseum.at/75.asp Wien Museum] {{de}}
* [https://web.archive.org/web/20060427165122/http://www.wienmuseum.at/75.asp Wien Museum] {{de}}
* [http://www.archaeologie-wien.at/roemer/legionslager.htm Iwwer d'Legiounslager] {{de}}
* [https://web.archive.org/web/20070429145453/http://www.archaeologie-wien.at/roemer/legionslager.htm Iwwer d'Legiounslager] {{de}}
* [http://mailbox.univie.ac.at/elisabeth.trinkl/forum/forum0902/24lager.htm Rekonstruktioun vun der Paart vum Lager] {{de}}
* [http://mailbox.univie.ac.at/elisabeth.trinkl/forum/forum0902/24lager.htm Rekonstruktioun vun der Paart vum Lager] {{de}}
* [http://www.vindobona.at Kabarett Vindobona] {{de}}
* [http://www.vindobona.at Kabarett Vindobona] {{de}}

Aktuell Versioun vum 13:06, 29. Sep. 2024

Dësen Artikel beschäftegt sech mat der keltescher an duerno réimescher Siidlung Vindobona am haitege Wien. Fir aner Bedeitunge vu Vindobona, kuckt wgl. Vindobona (Homonymie).
Dat réimecht Wien
Réimesch Iwwerreschter bei der Hofburg um Michaelerplatz

Vindobona war ursprénglech eng keltesch Siidlung, a spéider e réimescht Legiounslager am haitege Wien. Ëm 15 v. Chr. gouf d'Kinnekräich Noricum an d'Réimescht Räich opgeholl. D'Donau gouf zu der Grenz vum Imperium, an d'Réimer hunn um Donauufer Befestegungen a Siidlungen ugeluecht.

Der Geograph Ptolemäus ernimmt Vindobona a senger Explicatio geographica. De Geschichtsschreiwer Aurelius Victor erzielt, datt de Keeser Marcus Aurelius, deen hei wärend de Markomannekricher ee vu sengen Haaptquartéieren hat, de 17. Mäerz 180 zu Vindobona gestuerwen ass. Nach haut gëtt et zu Wien an der Géigend vum Hohen Markt eng Marc-Aurelstrasse. Vindobona huet zu der réimescher Provënz Pannonia gezielt. D'regionalt Verwaltungszentrum war Carnuntum.

Vindobona war e Militärlager mat "ugebauter" Zivilstad (Canabae). Um aneren Donauufer konnt eng germanesch Siidlung mat enger grousser Handelplaz zanter dem 2. Joerhonnert nogewise ginn.

Den Ëmrëss vum Militärlager kann een haut nach um Stroosseverlaf erkennen: Graben, Naglergasse, Tiefer Graben, Salzgries, Rabensteig, Rotenturmstrasse. Den Numm Graben soll op de Befestegungsgruef vum Lager zeréckgoen. Et gëtt ugeholl datt en Deel vun dëse Maueren nach stoungen, wéi am Mëttelalter d'Stroossen ugeluecht goufen, an domat de Stroosseverlaf virginn hunn. An engem Eck vum Lager ass spéider de Berghof entstanen.

Vindobona gouf vu réimeschen Häff (Villae rusticae) aus der Ëmgéigend mat Iesse versuergt.

Op ville Plazen zu Wien goufen Iwwerreschter aus der Réimerzäit fonnt: Op der Freyung ass eng schmuel Sträif vun enge Réimerstrooss fräigeluecht ginn. Um Michaelerplatz gouf e rechteckegen Ausschnëtt queesch duerch verschidden historesch Schichten ausgegruewen, dorënner och Deeler aus der réimescher Stad [1]. Ënner der Pompjeeszentral um Hof ass en Deel vun der réimescher Kanalisatioun [2]. Um Hohen Markt ass den Agank zu engem Keller mat réimesche Fundamenter, warscheinlech Deeler vun Offizéiersquartéieren [3].

Commons: Vindobona – Biller, Videoen oder Audiodateien
Réimescht Räich – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Réimescht Räich.