Plovdiv
Plovdiv | |
---|---|
Vue op Plovdiv | |
Land | Bulgarien |
Vewaltungseenheet | Oblast Plovdiv |
Awunner | 371.536 |
15. Juni 2024; 15. Juni 2024 | |
Fläch | 101,98 |
Héicht | 164 |
Koordinaten |
42° 9’ 00’’ N 24° 45’ 00’’ O |
Telefonszon | 032 |
Postcode | 4000 |
LAU-Code | BG56784 |
Websäit | http://www.plovdiv.bg/ www.plovdiv.bg |
Plovdiv oder Plowdiw (op Bulgaresch: Пловдив) ass déi zweetgréisst Stad a Bulgarien. Si läit am Zentrum vum Land um Floss Maritsa, südëstlech vun der Haaptstad Sofia.
Geschicht
Plovdiv an d'Ëmgéigent gi schonn zënter Jordausende besidelt. Eng vun der Stad hire fréieren Nimm war Philippopolis (Griichesch: Φιλιππούπολη), benannt nom Philipp II. dee se am 4. Joerhonnert virun eiser Zäitrechnung eruewert hat. Spéider gouf de nach vun de Perser, de Griichen, de Kelten, de Réimer, de Gothen, den Hunnen, de Bulgaren, de Waräger, de Kräizzichler an den Tierke besat. 1878 huet d'russesch Arméi d'osmanescht Räich aus der Stad verdriwwen a se zur Haaptstad vu Bulgarien mat enger russescher Regierung erkläert. Well déi aner Groussmuechten Angscht haten, Russland géif ze mächteg ginn, hu si protestéiert a Bulgarien ass an zweegedeelt ginn. Plowdiw ass an Ostrumelien bliwwen, dat dem osmanesche Räich als Vasalle-Provënz ënnergeuerdent war, a Sofia ass d'Haaptstad vum Rescht vu Bulgarien ginn. De 6. September 1885 hunn Opstänneger d'Unioun vun Ostrumelien mam Rescht vu Bulgarien erkläert.
Zënter den 1960er Joren ass Plovdiv e Standuert fir international Foiren.
2019 wäerte Plovdiv a Matera an Italien Europäesch Kulturhaaptstied sinn.
Wirtschaft
No Sofia ass d'Regioun Plovdiv déi wichtegst Industrieregioun am Land. Et fënnt een do vill Betriber aus der Liewensmëttel- a Genossmëttelindustrie, Konsumgidder, Metallurgie an Textilindustrie. Och d'Foire ass e wichtege Wirtschaftsfacteur.
Biller
-
Vue op Plovdiv
-
De réimeschen Theater vu Philippopolis
-
De regionale Geschichtsmusée zu Plovdiv
-
De regionalen ethnografesche Musée
-
D'Alstad
-
En traditionellt Haus
Commons: Plovdiv – Biller, Videoen oder Audiodateien |